Events

upcoming events

Niewend dem LSMaas Stammdësch organiseieren mir vun Zeit zu Zeit verschidden Events op deenen natierlech jidfereen welkomm ass!

Hei kënn dir kucken waat demnächst sou usteet.

LSMaas stammdësch

Eisen wöchentlechen Stammdësch um 20h an eisem Stammlokal De Gouverneur. Kommt laanscht!

Nächst Datumer:

Events am Januar:

Hei ass eng kleng Iwwersiicht vun eisen nächste Events. Maacht iech prett fir e puer flott Aktivitéiten, ob sportlech, strategesch oder spannend – et gëtt fir jiddereen eppes dobäi! Villäicht entdeckt der souguer är Detektivfäegkeeten.

Mir freeën eis drop, iech do ze gesinn.

Events am September:

LSMaas meet and greet

11.09.2024

Den LSMaas start an daat néit Joer! Kommt laanscht op eisen Meet and Greet an leiert net nemmen den Comité vum LSMaas kennen, mee och all eis Memberen an Neilinge hei zu Maastricht.

Mir freeen eis op iech!

LSMaas boatparty

25.09.2024 ; 18H00

Nom succès vum leschten Joer, organiséiert den LSMaas och dest Joer eng Boatparty!

Wanns du loscht op eng kleng Party op der Maas hues, dann zéck net an mell dech un!

Events am Oktober:

LSMaas assemblé générale

7.10.2024 ; 20h00 @Jour de Fête

Fir weider Infoen, kuck op Instagram oder schréif eis op Whatsapp.

LSMaas Rallye 2k24

9.10.2024 

Léif Leit,


Ë Mëttwoch ass et erëm souwäit: eise yearly City Rallye fënnt statt! Sou wéi all Joers wäerte Gruppe gemaach ginn, an deenen dir déi wonnerbar Staat Maastricht kennt entdecken. Mee well et soss jo langweileg géing ginn, hu mir eis ë Puer Challenges iwwerluecht, mat deenen dir kennt Punkte fir är Equippe sammelen. Déi Equippe mat de meeschte Punkte kritt dann um Enn e Präis! 



Mir treffen eis ë Mëttwoch, den 9. Oktober, um 20 Auer op der Maartplaz. Fir dat ganzt net ze verpassen, mellt iech iwwert dëse Link un.

LSMaas goes den haag filmowend

12.10.2024 ; 17h00

Mir organiséiere mam RLA an der Lëtzebuerger Ambassade zu Den Haag ee Filmowend bei hinnen an der Ambassade!

De Film dee gewise gëtt ass de Film "D'Land am Schied" vum Lëtzebuerger Regisseur Lukas Grevis, deen den 12.10 zu Lëtzebuerg an d'Kinoe soll kommen. Mir ginn allerdéngs net nëmmen de Film kucken, mee nom Film hutt dir och nach d'Geleeënheet fir mam Regisseur selwer, sou wei och mam 1st Assistant Director Andrej Haring an der Schauspillerin Margarida Domingos ze schwätzen an hinnen all méiglech Froen ze stellen.

Iwwert den Film: 

In a small village in Luxembourg, Sara and her partner Jos try to set up a cultural centre for refugees. One day, the village mascot, a wild dog, is found shot dead at the edge of the forest. Rumours, lies and prejudices quickly become catalysts that turn against an innocent family...

Trailer: https://www.youtube.com/watch?v=XYMz4QQE3fQ

Dono organiséiert d'Ambassade nach ee klenge Borrel mat hollänneschen Hapjes a Lëtzebuerger Wäin fir den Owend perfekt of ze schléissen.

Fir den Transport: Vue datt Den Haag net grad em den Eck ass proposéieren mer Iech, sech bei eis ze mellen, da kenne mer zum Beispill e Carsharing organiséieren. Alternativ kann een natierlech och den Zuch huelen oder selwer fueren.

LSMaas goes billard

16.10.2024 

to be announced

Events am November:

LSMaas daf 2k24

6.11.2024 

to be announced

Events am Dezember:

Tournoi de noel

21.12.2024 & 23.12.2024 @Campus Geeseknäppchen

Wei all Joers organiseiert d'ACEL an zesummenarbescht mat der LASEL en Sportstournoi um Geeseknäppchen. Offreiert ginn Volleyball, Baskett an Fussball.

Wanns du den LSMaas an engen (oder mei) Sportarten wells ennerstetzen, dann mell dech bei Yannick Lietz op Whatsapp. 

Allerdings brauchen mir net nemmen Ennerstetzung um Terrain, mee och niewend dem Terrain. 

Also kommt laanscht an feiert eis Equippen un! Mir freeen eis iwwert all Ennerstetzung dei mir kennen kreien.