Den lsmaas

Iwwert eis

Mir sinn de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht (LSMaas). 

Den LSMaas ass nach ee ganz neie Comité dee réischt am Summer 2022 gegrënnt gouf nodeems de Cercle vun de Studenten aus Holland gespléckt gouf. Mir sinn do fir den Studenten sou gutt et geet an hierem neien Liewen zu Maastricht ze hëllefen an z’informéieren.

Wärend dem Joer organiséiere mir och reegelméisseg Eventer éwei z.B.: Fräibéier, Bowling, ... an net ze vergiessen eisen Stammdësch all Mëttwoch am Peter's Irish Pub fir eis Studenten zesummen ze bréngen!