Maastricht
MEET EUROPE
Maastricht ass eng relativ kleng, awer sympathesch Staat. Mat enger Gréisst vun nëmmen 60.12 Quadratkilometer fillt een sech direkt wei doheem. D'Staat gëtt duerch de Floss Maas an zwee gedeelt.
Zwee mol d'Woch gëtt et e grousse Maart am Häerz vun der Staat, dëst Mëttwochs an Freides, mat engem Floumaacht all Samsteg.
Dëst erklärt och sämtlech Touristen op déi een stéisst wann ee bei guddem Wieder mol shoppen geet.
Dobäi kennt, dass Maastricht virun allem awer och eng Studentenstaat ass! Vun deenen 122.397 Awunner (Stand 2015) sinn eng ronn 24.000 Studenten ënnerwee.
Nennenswäert ass awer och déi grouss Unzuel un ënnerschiddlechen Nationalitéiten op déi een an der Uni trefft.
Zum ëffentlechen Transport gëtt et nëmmen eppes ze soen: lee der e Velo zou!
Busser zirkuléieren haaptsächlech ronderëm d'Staat, woubäi dei och relativ deier sinn. En Tram gëtt leider net, dofir sinn déi meescht zu Fouss oder eben typesch hollännesch mam Velo ënnerwee.